Meng Offer

« Meng gréisste Freed ass zum Erfolleg vun Ärem Projet bäizedroen andeems ech eng Websäit entwéckelen déi 100% zu Iech passt »

Kreatioun vun Ärer Websäit

Eng Websäit ass e wichtegen Atout an der Entwécklung vun Ärem Projet oder ärer Entrprise. Egal ob Dir Entrepreneur, Handwierker, Kënschtler, Freelance, eng Associatioun oder eng Privatpersoun sidd … et erlaabt Iech, Iech ze presentéieren, en Iwwerbléck iwwer Är Offer ze ginn an déi éischt Froen ze beäntweren, déi Är Clientë sech stellen.

Ech kreéieren Är Websäit vun A bis Z, no Äre Besoinen a Wënsch.

  • vun engem einfachen Site Vitrine deen Iech erlaabt Är Aktivitéit ze presentéieren
  • zum Pro Site, komplett personaliséiert an eenzegaarteg
  • personnaliséierten Design
  • erstallt mam WordPress CMS (de meescht benotzten Contentmanager) oder Joomla wann Dir wëllt
  • Responsive Webdesign, optimalen Affichage op Computeren, Tablets a Smartphones
  • Kloer Struktur an einfach Navigatioun
  • dir hutt d’Méiglechkeet Äre Site selwer ouni technesch Wëssen ze géréieren (Dir kritt detailléiert Instruktiounen) oder ech machen dat fir Iech
  • Dir kënnt eng Villfalt vu Funktionalitéiten derbäi setzen (Online Verkaf, Bildgalerien, Blog, Agenda, …)
  • Ech ka mech ëm den Hosting vun Ärem Site, den Domain Numm an d’Schafung vun Ären E-Mailadressen këmmeren

Grafesch Kreatiounen

Meng Kreativitéit fir Äre Projet. Démarquéiret Iech mat professionnellen, originellen Illustratiounen déi zu Iech passen an Är Wäerter reflektéieren.

Ech realiséieren Är grafesch Kreatiounen

  • Äre Logo
  • Är Visittekarten
  • Är Flyer
  • Är Werbebanner

Sozial Medien

Ech hëllefen Iech Ärt sozial Netzwierk z’entwéckelen

D’Präsenz op sozialen Netzwierker ass a wichtegen Atout fir Är Visibilitéit am Netz. Et erlaabt Iech anescht an / oder mat engem anerem Publikum ze kommunizéieren wéi iwwer Är Websäit.

  • Identifikatioun vun Ziler an Zilpublikum
  • Entwéckelen vun eng Inhaltsstrategie
  • Harmoniséierung vum Graphismus
  • Tipps an Rotschléi

A puer vu mengen Kreatiounen

Kontaktéiert mech, ech freeën mech Iech ze beroden.

web-crea.lu
Eng Websäit déi zu Iech passt
Kreatioun vu Websäiten, Logoen, Flyeren, sozial Medien, …

Mireille Dondlinger
L-4482 Belvaux
contact@web-crea.lu
+352 621 26 28 76

mentions légales