Froen

« Meng gréisste Freed ass zum Erfolleg vun Ärem Projet bäizedroen andeems ech eng Websäit entwéckelen déi 100% zu Iech passt« 

Firwat fir eng Websäit bezuelen, wann et gratis Léisunge gëtt?

Et ass richteg datt et och gratis oder ganz preiswert Léisunge gëtt vir eng Websäit ze kréeieren… Dës kënnen eventuelle fir perséinlech Benotzung gëeegent sinn, ët muss een sech awer bewosst sin, datt se vill Nodeeler hunn: den Design ass limitéiert, zousätzlech Optiounen sin dacks deier, Dir sidd net de Besëtzer vum Site (et ass d’Firma déi d’Siten ubitt). Et geschitt dacks datt eng Persoun mat enger gratis Léisung ufänkt, bei déi se lues a lues vill bezuelt Optiounen a Personnalisatiounen derbäi setzt (an domat och vill Zäit verbréngt),dacks mat engem onbefridegendem Resultat, vir dann endlech ze entscheeden eng professionnell Websäit maachen ze loossen. De Choix läit bei Iech …

De Virdeel vun de Siten déi ech Iech proposéieren ass dass se évoluéieren kënnen; si kënne spéider einfach verännert ginn a kënnen mat Ärem Geschäft oder Ärem Projet wuessen. Dir sidd Propriétaire vun ärer Websäit. Well se mat WordPress gemaach gëtt, wat e bekannten Open Source CMS ass, sidd Dir net vun mir ofhängeg fir weider Ännerungen.

Meng Devis’en si kloer an transparent, ouni verstoppte Käschten.

Wat sinn déi verschidden Etappe bei der Kreatioun vu mengem Site?

1

Mech kontaktéieren

Kontaktéiert mech per E-Mail contact@web-crea.lu oder iwwer Telefon +352 621 26 28 76 fir mir iwwert Äre Projet ze schwätzen an e Rendez-vous ze maachen (deen och, wann der wëllt, iwwer ZOOM, Skype, What’sapp, Telegramm, Signal oder soss ka stattfannen)

2

Ziler an Devis

Mir diskutéieren zesummen iwwert Är Besoinen, Är Ziler, d’Zilpublikum… Ech sinn do fir Iech ze beroden an ze guidéieren. Ech gmaachen Iech dann e gratis Devis, ouni Verpflichtung. Wann Dir den Devis akzeptéiert, froen ech Iech en Acompte vun 30% ze bezuelen fir mat der Kreatioun vun der Websäit ze starten.

3

Kreatioun vun der Websäit

Ech installéieren de Site, realiséieren den Design, integréieren den Inhalt, … Ech kann mech och ëm den Hosting vun Ärem Site këmmeren, souwéi d’Schafung vun Ären E-Mailadressen. Wann de Site färdeg ass, kënnt Dir de Site kucken. Dir hutt dann d’Méiglechkeet Ännerungen, Ergänzungen … ze froen, bis de Site Iech gefällt.

4

Online setzen

➯ En elo ass d’Websäit online! Nodeems de Site online ass, kann en natierlech ëmmer nach geännert ginn an no Äre Besoinen evoluéieren. Dir kënnt Ännerunge am Inhalt vum Site selwer maachen oder ech këmmere mech fir Iech dorëm.

Wéi vill kascht eng Websäit?

Well all Projet eenzegaarteg ass, maachen ech vir all Websäit a personnaliséierten Devis. Dëst erlaabt mir Iech eng Offer ze maachen déi genee Äre Besoinen entsprécht.

Vir Iech eng Iddi ze gin, vir eng Basis-Websäit, mat

  • 100% personaliséierten Design, Konfiguratioun an Installatioun vun der Websäit
  • Responsive Design, fir optimalen Affichage op Smartphones, Tablets a groussen Ecran’en
  • https geséchert Websäit
  • Hosting an Domain Numm abegraff (fir ee Joer duerno erneierbar)
  • Email Adress abegraff
  • SEO Optimisatioun a Rotschléi fir de Referenzement ze verbesseren
  • Instruktioune fir sëlwer Ännerungen ze maachen

muss een ongeféier 800 € HT rechnen.

Kann ech selwer Ännerungen op menger Websäit maachen?

Jo, wann de Site fäerdeg ass, kënnt Dir ganz einfach den Inhalt vun Ärem Site selwer änneren. Ech ginn Iech detailléiert Instruktiounen a weisen Iech wéi Dir et maacht.

Ech bidden Websäiten mat enger benotzer-frëndlecher Interface un, déi et Iech erlaaben den Inhalt vun Ärem Site einfach selwer ze verwalten (awer wann Dir wëllt, kënnt Dir mir d’Gestioun vun Ärem Site uvertrauen fir Iech ganz op Är Aktivitéit ze konzentréieren).

Ech wunnen wäit ewech. Kënnen mer trotzdem zesumme schaffen?

Jo, kee Problem. D’Kreatioun vun Ärem Site erfuerdert net onbedéngt dat mir eis treffen. D’Kommunikatioun kann och iwwer Telefon, E-Mail, ZOOM, Skype, What’sapp, Telegram, Signal oder soss gemaach ginn.

web-crea.lu
Eng Websäit déi zu Iech passt
Kreatioun vu Websäiten, Logoen, Flyeren, sozial Medien, …

Mireille Dondlinger
L-4482 Belvaux
contact@web-crea.lu
+352 621 26 28 76

mentions légales